Foodsharing Lëtzebuerg asbl
Rëtt Lierwensmëttel mat eis!
Phase der Initiative: Gut eingeführt und in BetriebFoodsharing Luxembourg ass eng Ëmweltorganisatioun ouni Gewënnzweck (a.s.b.l.), déi aus Fräiwëllege besteet. Eis Visioun ass et, dass all iessbar Liewensmëttel zu Lëtzebuerg konsuméiert ginn an näischt méi eweggeheit gett.
Name der Organisation
- Foodsharing Luxembourg Asbl
- moien@foodsharing.lu
- Foodsharing.lu
Adresse / Geo
- Foodsharing Luxembourg Asbl
- 136-138, rue Adolphe Fischer
- 1521 Luxembourg
Beteiligungsmöglichkeiten
Engagierte Bürger Freiwillige in TeilzeitInstitutions-Typ/Träger
Gemeinnützige Organisation
Institutions-Name
Foodsharing Lëtzebuerg asbl
Wie ist die Initiative finanziert?
Spenden
Beteiligungsmöglichkeiten
Mir sinn all benevole an et gi vill Méiglechkeete fir bei eis aktiv ze ginn. Hei sinn e puer Beispiller:
Hëllef an der Kommunikatioun a Sensibiliséierung
Gëff Workshops a Schoulen an a Betriber
Hëllef an der politescher Aarbecht fir ee Gesetz géint d’Ewechgeheien ze hunn
Këmmer dech mat ëm ee Foodsharing Point
Organiséier oder hëllef bei Informatiounsstänn oder Kacheneventer
Hëllef an der Administratioun hannert de Kulissen
Gëff Foodsaver*in fir Liewensmëttel bei Betriber ze retten
Was wird benötigt
Engagierte Bürger Freiwillige in TeilzeitZiele
Een Drëttel vun de Liewensmëttel, déi weltwäit produzéiert ginn, gi momentan verschwent an ginn net konsuméiert. D’Ressourcen, déi doranner enthale sinn, wéi Aarbechtsstonnen, Waasser, Transport, asw. sinn dowéinst och verbëtzt.De Veräin bekämpft Liewensmëttelverloschter a -verschwendung, andeems mir de séieren Austausch vu Liewensmëttel ënnerstëtzen, déi soss ewechgehäit gi wieren. Duerch d'Sensibiliséierung fir d'Thema a seng Auswierkungen op de Klima, d'Ëmwelt an d'Gesellschaft esouwéi duerch d'Virundreiwe vun engem systemesche Wandel well Foodsharing Luxembourg d'Verschwendung dramatesch reduzéieren.
Wirkung
Sait 2019 hun mir méi wéi 800 Tonnen un Liewensmëttel gerett. Mir huele Liewensmëttel of, déi géife vu Betriber an aneren Organisatiounen ewechgehäit géife ginn, a verdeelen dës, wann se net vun enger karitativer Initiativ geholl ginn. Mir ënnerhalen ëffentlech Plazen un, wou jidderee Liewensmëttel gratis ofleeën an huele kann wéi eis Foodsharing Points. Mir analyséieren déi aktuell Situatioun vu Liewensmëttelverloschter a -verschwendung a wëllen nohalteg Verbesserungen an der relevanter Legislatioun areechen, an Zesummenaarbecht mat den ëffentlechen a politeschen Autoritéiten.
Zielgruppe
Mir sinn eng Organisatioun, déi aus Fräiwëllege besteet, a mir si frou nei motivéiert Membere ab 18 Joër wëllkomm ze heeschen. Mellt dech un an huel un enger Informatiounsreunioun deel, déi een op eisem Site Foodsharing.lu fennt.
Herausforderungen und Lernerfolge
91 Kilo Liewensmëttel geheit all Lëtzebuerger pro Joer doheem ewech. Loosst eis dat zesumme stoppen.